Chile

09November
2013

El tiempo pasa rápidamente

Freck ass schon eng zeitschen hier, dass ech fir lescht hei eppes geschriwen hun, hun lo mol als eischt missten die all Geschichten liesen, wir eng chronologesch Reihenfolg dranzekreien.

11.10 Cellular robado -_-

Fenken mam Owend fum 11.10 un. Ma waren do zu puer aus der Schoul op den Pub-Crawl wat och zimlech leschteg war. Ma waren e puer Cafe’n besichen wou et lauter gut Sachen ze drenken goufen firun allem mol den Terromoto(Erdbiewen) ass eppes feines. „TERREMOTO - Pipeño (see above) with pineapple ice-cream served in a one-litre glass. Terremoto literally translates as 'Earthquake' since you are left with the ground (and legs) feeling very shaky. The next round usually contains the same drink though only in a glass that holds half a litre. This is called a Replica or 'aftershock'. See our article with more information about the Terremoto drink.“

Zu speider Stonn konnte en dun alt erem feststellen, dass Chilenen/inen dach guernet sou kathoulesch sin wei se emmer machen, zumindest wann se Alkohol gedronk hun.

Geint 3 Auer hun ma eis dun och sou lues op den Wee fir Heem gemach. Wie ma dunn sou um Busarret stoungen an op den Bus gewart hun, hei gin et keng Horairen fir Buser, wollt ech nach eng SMS schreiwen, op allefall ass et net mei dazuo komm, well een ma den Handy, deen ech an der Hand hat, aus deier gerappt hued an iwert Haptstross fortgelaaf ass.
Jo ech sin em Nogelaaf, mee ech hun missten op der Stross stoen bleiwen well Buser den Wee ofgeschnidden hun.
Enn fun der Geschicht ass opallefall die, das den Handy fort ass. Also Kanner an enger Südamerikanescher Stadt, wann et deischter ass ni den Handy eroushuelen, oder vill mei einfach kaaft een bellegen, dat hun ech elo och gemach.

De Weekend war dunn mol versch***.

14.10 – 18-10 Declarar un robar

Meindes hun ech mech dunn op den Policebüro gemach fir eng Pleinte ze machen. An o Wonner och do kennen se keen Englesch, zum Gleck kann ech mettlerweil e bessen Spuenesch.

Dat hued dunn och zimlech gut geklappt, och wann ech mein Handy net mei erem gesin. Mee ech gin nechsten Weekend mol den Bio-Bio kuken, vlt fannen ech en do erem.

Ennert da Woch ass dunn amfong net vill geschidd, hei ass et nemmen nach em dei entscheeden Qualismatcher fir WM nechst Joer an Brasilien gang.
Freides war et dunn sou weit, Kolumbien – Chile, den 2 vs. den 3, Chile hued missten gewannen fir secher qualifizeiert ze sin, Kolumbien ass en Gleischspiel dier gang.

Ech hu den Match bei enger Frendin an 15 verreckten Chilenen gekuckt. Wann hei Fußball gespielt get, leit ganz Land broch, dann leeft hei neischt mei.

De Match konnt amfong net besser ugoen fir Chile, no 30 Minuten stoung et 3 – 0 fir Chile, sou ass et och an Paus gang .

No 60 Minuten ass dun den groussen Optrett fum Arbitro komm, roud Kart an 11m geint Chile, an sou ass et komm wie et hued missten kommen, Kolumbien hued wirklech nach 3 Goler geschoss an mam 3 – 3 sin se nechst Joer dabei.

Chile hued also Denschdes geint Ecuador nach 1 Punkt gebraucht.

Denschdes war et dunn sou weit Chile huet zu Nunoa (Nopeschveirel fun mir) geint Ecuador gespielt, deen Chile dun och mat 2-1 gewonnen hued. Freed an den Cafeen wou ech den Match och gekuckt hun an an den Strossen hued keng Grenzen mei kannt. Eis Südlännesch Matbierger, sin richteg verhaalen geint iwer den Lateinamerikaner.

Samstes sin ma dunn zu Puer mol aus der Stadt erousgefuer, fir endlech mol fresch Loft ze kreien. Et ass dun an den Cajon del Maipo gangen, en Naturreservat, wat een an 1,5 Stonnen mam Öffentlechen Transport errescht. Wat sech awa lount, eischtens gett et fresch Loft an Landschaft ass herrlesch. Wieder hued och matgespielt, sou dass et en ganz erhuelsamen Dag war, och wann ma zweschen 10 an 12 km getreppelt sin.

  Cajon del Maipo Cajon del Maipo Cajon del Maipo Cajon del Maipo Cajon del Maipo

26.10 y 27.10 Valparaiso y Vina del Mar

Woch drop sin ma Weekends dun endlech op Valparaiso gefuer, Valpa wei Chilenen et nennen leit zirka 2 Stonnen westlech fun Santiago um Mier.

Deemno hun ech endlech den Pazifik gesin, dee geseit awa och selwescht aus wei all die anner Gewesser wou ech bis dohinner kannt hun.

Wann der engkeier sollt am Eck sin, Valpa muss een gesinn hun. Stadt ass richteg an Cerroen fun der Stadt, ech wees net weiviel et der gin, erangebaut. An Haiser oder Hüten sin alleguer farweg ugemollt an iwerall cool Grafitien.

Valpa ass lo net immens grouss, sou dass een et zimlech gut zefous kann besichen, sou hun mir et dunn natirlech och gemach.

Mettes hun ma dunn nach eng Bootstour gemach, wou ech dunn och meng eischt Seileiwen an Pelikannen gesin hun. :)

Stadt ass insgesamt wirklech fastzinant, mee eppes muss ech erwennen, ech war nach an kenger Stadt wou et zum Deel sou gestonk hued an wou sou viel Dreck an den Strossen loung, och wann dat mam Streik fum SICA ze dinn hat, agreabel wor et net wirklech, an secher hun ech mech och net emmer gefillt an dat ass ma zu Santiago nach net virkomm.

Sondes sin ma dunn op Vina gefuer, wat noppesch Stadt ass, die awa eng Plage hued.  Wat get iwert Vina ze soen, stellt eirch Ostende um Pazifik fir, sou ass et mir virkomm.

Egal et gouff eng Plage an ech konnt endlech bei Wasser, war awa net geplangt dran ze goen, well et awa zimlech fresch deen Dag war. Leider wor Well e beemol mei seier do wei ech laafen konnt an dunn waren Schung an Feiss souwiesou nass, also konnt ech dunn amfong och mat den Feiss an den Pazifik goen. Gesoot, gemach. Zwinkernd

Valparaiso Valparaiso Valparaiso Valparaiso Valparaiso Valparaiso Valparaiso Valparaiso Valparaiso Valparaiso Vina del Mar Vina del Mar

29.10 Orfonato

Denschdes hun ech dunn am Kannerheem ugefangen mat schaffen, amfong eischter hellefen beim neischt machen. Well Kanner machen amfong neischt ausser Fernseh kuken, iessen, rem Fernseh kuken, deemno weien Educateur do ass e bessen Musek spielen an op enger Spielplatz spielen, wou deen Numm niimols verdengt.

Den Alldag fun den Kanner, wat net nemmen Weesekanner sin, mee sin och Kanner do fun den Eltren weg geholl goufen, well die Alkohol ofhengesch sin/woren oder Kanner messhandelt hun. En Deel fun den Kanner geht an eng öffentlech Schoul, wat schon net viel Chancen fir Zukunft bidd, well ween hei op eng UNI oder suguer eng besser UNI muss een an enger Privatschoulen gewierscht sin, am beschten och nach enger gudder an deemno deirer. Dat Thema „Schoul“ ass och mat dat wichtegst hei am Wahlkampf, doweinst gin et och all Woch Demonstratioun dei wie üblech hei am Asatz fun Treinengas fun der Police endegen, lo sin ech awa bessen fum Thema ofkomm. Een anneren Deel, praktsch halschent geht net an Schoul an soll am Kannerheem ennerriicht gin. Wat se ennerriichten ass mir schleierhaft well Kanner kennen mat 10-11 Joer nach net schreiwen an liesen, ech bezweiflen och dass se et iergendwann leiren.

Ech fenken dann lo all dag um 13:30 un mat schaffen an dat bis 18:00.

Amfong fillt een sech och eischter wei an engem Prisong wei an engem Heem. Den Komplex ass mat 5m heigen Mauren emginn, wou dann nach Stacheldroot driwer ass. Eran an erous kennt een nemmen wann een Dier opgemach kritt fum Türsteher.

Insgesamt alles annescht wei eng Platz wou en Kand seng Kandheet sollt verbrengen. Mol kuken wat daat an deen nechsten Wochen get.

 

30.10 Terromoto

Et war Donneschtesowes, ech wollt na Puer Fotoen fum Sonnenennergang machen goen, wei beemol hei alles gewackelt hued an Glieser geschellt hun, am eischten Moment wosst ech net wat lass wir, bis ech no puer Sekonnen gemierkt hun, dass et en Erdbiewen war. En hat emmerhin nach 6,6 op der Riechterskala, wat awa net erweinensweirt fir hei ass. Egal eischt Erdbiewen erliewt, check.

 

31.10 – 4.11 La Serena

Well hei verlängerten Weekend war, sin ma zu 4 op La Serena gefuer, dat ass schon e bessen mei weit eweg. 6 Stonnen mam Bus, wat awa usech keng quälerei ass, well Semi-Cama Buser dach zimlech gut sin, zumondest mo, besser wie die Reesbusen wou ech aus Letzebuerg kennen.

Den eischten Dag hun ma dunn zu La Serena verbruescht, wat awa wie ausgestuewen war, well Chilenen all fort waren, hei profiteiert jidfereen fun e puer freien Deeg fir nemmen iergendwou fort ze kommen, dat war awa guernet schlemm, sou konnte en Stadt an aller Rou besichen.

An La Serena hued wirklech sein Charme, etlesch Neoklasizichteg Kirschen, lauter schein kleng Strossen an Plage souweit een kuken kann.

Den Dag drop sin ma dunn an den Valley Elqui mam Bus gefuer, als eischt op Vicuna, wat eng kleng Stadt ass an wou et ellen warm war. Vill ze kuken ausser Plaza de Armas, die et an wirklech all Duerf get, gouf et awa net, sou dass ma matzeiten wieder op Pisco Elqui gefuer sin, Heemescht fum Pisco, wat wahrscheinlech dei mannsten fun eirch kennen, well et eppes zimlech guddes ass. J

Opallefall ass deen Wee dohinner Rees schon weird, die Geigend ass sou fuerzdreschen an dann stinn do iwerall säfteg grieng Riewen (den Pisco gett aus enger spezieller Draufenzort gebrannt) an den Bierger, dat ganzt wierkt iergendwei sureal, mee super schein ass et.

Pisco Elqui leit dann wirklech ganz hannen am Dall, den Trip bis dohinner lounnt sech awa op allefall. Alleng nemmen fir en Pisco zu Pisco Elqui ze drenken.

Sondes sin ma an den Reserva Nacional Pinguino de Humboldt gefuer an dat war bis heihin deen geilsten Ausflug. Deen Wee bis dohinner ziiht sech zwar, leit mol net un der Distanz, mee eischter um Fakt, dass et op 50% fun der Streck nemmen eng schlecht Schotterpist, matzen duerch Pampa gett. An do gett ausser vill steng, Bierger an e puer Cactusen net mei viel, egal Rees ass en Erliewnis an dat ass et opallefall daweirt.

Wie ma dun zu Punta de Choros ukoumen hun ech emol festgestalt, dass ech iergendwei schlecht gekleedt wir fir deen Trip.

Um Mier hued sech dat dunn besteitegt, ech mech dichteg an die eischt Rei gesaat fir die beschten Vue ze hun, nix da eng Well Salzwasser no der annerer koum an Boot an ech natirlech zoppnass. :P

Nuje ech wollt souwiesou nach an Mier schwammen goen. Datt hun ma dunn och op der Isla Damas gemach an Wasser war sou schwein kaal, Nordsee ass en Yakuzi dageint. Leider deirf een nemmen eng Stonn op der Insel bleiwen, fir den Reservat net komplett ze zersteiern.

Dono sin ma dunn mam Boot erem op Mier gefuer, wou ma lauter Delphinen gesin hun, hei ass neemlech een fun 2 Gebieder an Chile wou ständeg Delphinen sinn.

Uschleissend sin ma rondrem Isla Choros gefuer wou een awa net drop dierf fir Insel net ze schiedegen an mat hier, hier Artenvillfalt, well hei liewen sou munsch Deiren, haptsächlech awa den Humboldpinguin.

Insgesamt war et en super Weekend an ech freen mech nach mei op den nechsten, wann ech op Pucon fueren, fir op den Vulkan Villarica ze klammen. Cool

La Serena La Serena La Serena La Serena La Serena Valley Elqui Vicuna Pisco Elqui Isla Damas Isla Damas

09Oktober
2013

Yo hablo en poco espanol

28.9 Cerro San Cristobal

Lo hud da lang missten warden oder ech hun Eirch lang mat rou geloss, wie der et gaeren hett. De Grond ass amfong och ganz einfach, hun net vill Zeit. Kennen mettlerweil hei dach schon e Puer Leit an sin eiweg mat deenen ennerwee.

Fenken ma beim Samsten un, hun mech Moies op den Wee gemach, den Cerro San Cristobal ze erklammen. Usech einfach nemmen dei 7km lang Stross bis eroptrepplen, wat sech awa lount, well den Cerro an da Mett fum Groussraum Santiago leit an een sou och mol engkeier dei anner Seit fun da Stadt geseit. Well et och na zimlech warm wa, sin ech och nach elles an schweesen komm, sou wei dei honnerten Chilenos, dei do hieren Sport bedreiwen.

No 2 Stonnen, mat villen Fotospausen sin ech dun och Uewenaus ukomm, an den Schwees sollt sech gelount hun, well et hued een wirklech eng super Vue iwert dei ganz Stadt, mat den Anden am Hannergrond, dei leider net richteg zur Geltung kommen, well hei eiweg Smog iwert da Stadt henkt. Verscheisst den Panorama, mee ass netz e enenren. Weinend

Um Sommet steht dann eng grouss Muttergottes, firun deier iergendeen Popst firun langer Zeit eng Mass gehaalen hued (net wichteg mee soll jo keen soen ech geif eppes enenrschloen). Zwinkernd

Fir erof hun ech awa dun funicular geholl. Mettes hun ech dun nach bessen Sightseeing bedriwer, zb Plaza de Armas, wou richteg Betrieb war an leschteg Stemmung, hun mech dun o bei deen gesaat, wou am scheinsten gesong hued an en Temmschen gehallen.

  Cerro San Cristobal Santiago de ChileVirgen Maria   Plaza de Armas

 

 

 

 

 

 

 

 

30.9 y 2.10 La semana

Meindes war ech ma dunn mol deen groussen Feschmarkt hei ukuken an natirlech och een iessen. An et get wirklech viiil Fesch an Marisco do, sou hued et dunn och geroch.

Mettwochs Owes, sin ma dunn zu Puer aus der Schoul op Miercoles Po gangen, ass sou eppes fir ze feiren, wou Location awa all Woch wieselt. Op alle fall, wor et zimlech cool an ma hun eis bis Donneschtes Moies gut amüseiert.

Sou dass Donneschtes weder an der Schoul nach dono vill gelaaf ass.

 

4.10 Casa de Helena

Um Freiden sin dun endlech mol meng Wahlziedlen ukomm, lo muss ech just na iwerleen wou ech dann meng Kreizecher machen.

Um wee fir Heem sin ech dun lanscht en Akaafszenter komm, dat an deem groussen Turm ass, an hun ma dat mol ugekuckt. An die Mall ass riesen grous, mengen Concorde an BelleEtoile zsm, sin halschent. Ausser Louis Vuitton, gett et och alles do, mee Preiser hun et och an sech, lo wees ech och firwat Santiago dei deierst Staat aus Südamerika ass.

Owes sin ech dunn nach bei eng Frendin aus der Schoul Heem gang, hat wunnt an engem Haus mat 10 anneren, aus aalen Herrenlänner an wann die dann och nach Kollegen inviteiren, get et richteg international. Sou dass herno fun der Amerikanerin, iwert Italenieren, Franzousen an Skandinavier alles vertrueden war, suguer een aus Chile war do.

An mat genug chileneschem Beier an bellegem Pisco get dann zimlech leschteg. Cool LachendSou dass ma schlussendlech an enger Karaokebar geland sin (deier gin et hei nawell vill an sin zimlech beleift) an ma monter matgesongen hun, an et hued deen anneren Dag mol net gereent.

 

5.10 y 6.10 Cabalgar y Feria BioBio

Samstes hun ma dun zu 15 aus der Schoul un engem Reitausflug an Bierger deelgeholl, wat wirklech super war. Chilenesch Huason hun genug Fleesch op den Grill geheit an nomm Iessen ass et och schon lass gang.

Ech hun ma natirlech deen falschen Iesel erousgesicht, well ech war konstant leschten an en ass einfach net firungang.

Dofir hued Landschaft gehallen wat ech ma versprach hat, hei laafen Kei an Peird och na hallef well an den Bierger rondrem.

Den Rett hued iwert 3 Stonnen gedauert, sou dass Owes jidfereen zimlech midd war an net mei vill gelaaf ass.

Sondesnomettes sin ma dun zu 4 op Feria BioBio gangen, dat ass een riesegen Maart, amfong ass et Flouhmaart wou et alles, an wirklech alles gett. Dat geht fun enger CocaCola Flesch fun 1920 bis zu engem Autosmoto, deen an all seng Eenzeldeeler zaluescht gouf, ech hun awa och een Braukessel gesin.

Op alle fall ass et richteg interessant bei deenen Eenzelnen Stenn iwerall ze kuken an ze sichen, an ech gin secher na engkeier dohin.

  Hacer asadoLos caballeros La vaca Naturaleza

PaisajeLos caballos

BioBio BioBio

27Sept
2013

Primera semana

23.9 Primer día de clases

Haut war den eischten Schouldag, hun Schoul och direkt fonnt, nodeems ech jo lo Internet hun, konnt ech jo kuken wou dat dann lo genau wir.

Do ukomm, sollt ech dann direkt mol een Spuenesch-Test machen an deems ech mat engem sollt spuenesch schwetzen, ass awa amfong eischter sou offgelaaf, dass ech aal die eenzel Wieder wou ech kannt hun an den Raum geheit hun an der Hoffnung se geifen zesummenpassen. Hun se natirlech net, ass awa o net wieder schlemm. Zunge raus

Sin dann lo an enger Ufänger-Grupp mat 3 anneren Meedecher, des kommen aus Deitschland, Schweden an den USA. Dei wou ass dann eppes sollen beibrengen, sin den Grigorio an Catalani, se sin mol ganz fein, ob se eis dann och eppes beibrengen gesin ma dann.

No der Schoul die bis halwa 2 dauert, sin ech dunn na bis an Stadtkeir gefuer an hun mech do mol emgekuckt. An wie da viellescht nach wesst, war ech jo och na emmer op der Sich no Bueddischer, dei ech dann och no 2 Stenneger Sich iergendwou um leschten Stack fun engem Geschäft fonnt hun. Duerch zoufall hun ech dunn nach en Second-Hand-Bouteck fonnt, wou ech ma dunn nach 4 T-Shirten an en Short fir stolz 12€ kaaf hun. Lächelnd Lo dierft ech dann och genug Kleeder hun.

Owes kruuten ma dunn nach Besuch, Frenn sin lanscht komm an mir hun geschätzten 5kg Fleesch gegrillt, als Beilag gouf et .... neischt, dorunner hun ech mech och mol missten gewinnen. Nodeems ma dunn nach genug Wein an Beier gedronk hun an vill domm gebradelt hun, sin ma dun och iergendwann schlofen gang.

   Do wunnen ech  Plaza de armas  

 

 24.9 Gran Torre Santiago

Soulues entweckelt sech hei schon en gewessen Alldag, um 8 opstoen, en Müsli an eng gebeesen Schmier gies, iwerdeems gelies wat et bei Eirch sou neies gett an dann machen ech mech geint 9 op den Wee an Schoul. Muss 10 Minuten bis bei Metrosstatioun trepplen, dei mech dann awa baal bis bei firun Dier fun der escuela Bellavista feiert.

Do gett dann fleisseg geleiert, wat och nach spaß mecht, ass ma och schon lang net mei geschitt dass ech gaeren geleiert hun. Op allefall geht et och pasa a pasa firun mam Spueneschen.

Mettes sin ech dunn bis bei ChileInside an den Büro gangen, dei wollten mech onbedengt gesin. Do kruut ech dunn nach e Puer mei oder manner wichteg Informatiounen, dat hued sech op alle fall, ganzer 2 Stonnen hingezun, sou dass den Nometteg amfong dohin war an ech mech zefouss Heem gemach hun.

Dat war awa daweird, sin sou lanscht dat hechsten Gebei an Lateinamerika gang. Wikipedia no, soll et 300m heisch sin, dat geht awa just fir die 89 Platz weltweit dir. Geseit awa trotzdem cool aus.

Dohem ukomm, gouff nach eppes gekacht an nach geleiert an dunn ass et och schon matzeiten an Bett gangen, geschter war lang genug.

  Gran Torre Santiago Gran Torre Santiago

 

25.9 Mas informacion 

Fun Haut gett et net vill ze zielen, wor neemlech bis 5 an der Schoul, dei hatt na en zousetzlech Cours proposeiert, fir un der Aussprooch ze feilen, deen ech dunn als gudden Schüler natirlech och besicht hun.

Dofir schreiwen ech Eirch dann sos e bessen eppes iwert meng eischt Andreck, hei aus Santiago.

1. ech hun nach ni souvill Geschäfter an Stenn an Budden wou eppes verkaafen gesin wie hei, hei ass die klengsten Gaas suguer nach eng Geschäftsstroos.

2. hei ginn et dausenden fun „Strassenkötter“ (wann een en letzeboieschen Begreff fir deen Phänomen kennt, soll en sech mellen), die hunn awa all besser Manneiren wie die wou bei eis an der lengt laafen. :P Se billen net, sprangen net op een, kommen net bei een fir eppes Iessen ze kreien, se schlofen amfong nemmen an der Sonn oder laafen rondrem ouni dass se steiren.

3. se hunn hei iergenden Problem mam Smog oder Loftverschmotzung, Zeitweiss geseit een Anden mol net mei sou dreiff ass Vue dann. Ausser dass meng Vue aus der Stuff net grad sou schein eis, steiert et awa sos net.

4. hei kennen der net vill, fir net ze soen baal keen Englesch. Ech wees ech kann och keen. Zwinkernd Dat mecht Sach heiansdo net mei einfach.

5. fun deem wat ech bis elo gesin hun, kann ech soen, dass et dach wirklech  propper hei ass, och an den Metrosstatiounen an Toiletten.

6. hei hun se nach richteg Pompjeeskamion, sou wei een se aus Amerika kennt, bei nechster Geleegenheet machen ech eng Foto dafun. Firun deenen nechsten Gemengenwahlen, keinten dei aktuell Boiermeeschteren, dach mol sou een kaafen amplatz emmer dei selwescht. Zwinkernd

Wisou get et neischt sou eppes bei eis?! dat scheinsten Haus bis elo  Schoulwee Schoulwee

 

26.9 La Vega

Haut ass eis Grupp op een Schlach op 3 reduzeiert, Meedchen, ok Fraa, se hat schliessellech schon 40 Joer hued sech neemlech Haut op den Wee an Patagonien gemach, do well ech jo och nach hin.

Ass awa absolut net schlemm, se war nemmen eng Brems fir eis. Lachend well ausser Englesch kennen dei jo wirklech neischt schwetzen.

Am Nometteg sin ech dunn mol op deen groussen Markt hei gangen, deen all Dag ass an do get alles Verkaaf Uebst, Gemeiß, Fleesch, Fesch, Gewürzer, Hondsfuder, Telleren an suguer Heftklammeren hun ech gesin.

Ass rieseg grouss an richteg flott fir da duerch ze trepplen an iwerall ze kuken.

Hun ma dunn 500g Eirdbier, 2 Äppel an 3 Bieren fir 2,5€ kaaf, sou belleg war Uebst nach nie an kennt och nach fun hei.

Sin dunn nach weider duerch den palästinenser an koreaner Veirel gangen, hun mech zwa eischter wie op engem türkeschem Bazar gefillt, mat deenen ganzen Kleedergeschäfter an Verkeefer mat Mirkoen.

Den absoluten Highlight war awa dunn wei ech lanscht en klengen Stand lanscht gang sin, wou eng aal Bomschen, bestemmt schon an die 70, sou eppes wie Mettschen verkaaf hued, dat fir 30 Zantim Steck an dei waren sou gut, ech hett se sollten all kaafen an net nemmen 2. Muer gin ech op alle fall rem dohinner, hoffentlech ass sie och nach do.

Wann een den Leit dann erkleirt, dass een nemmen e bessen spuenech kann an dass een et amgang ass mat leiren (souvill kann ech schon fir dat alles ze soen), sin se emmer ganz fein an schwetzen dann och mei lues, da gett dat ganzt neemlech schon vill mei einfach.

Wei ech den Nowend dunn zur Entree ran koum, hun ech mech mol beim „Türsteher“ hei firgestallt dem Pedro, an oh Wunder deen konnt suguer englesch, suguer zimlech gut, dunn hun ech na bessen mat deem gepottert. Hunn dun nach deen ganzen Roman hei geschriwen, en Film iwert den Marcel Reich-Ranicki gekukt („Gott hab Ihn selig“) an sin schlofen gang.

Sou dann bis Deemnechst. Zwinkernd

La Vega La Vega

23Sept
2013

Primer dias

20.9 Ilegada

Hola, sin no menger Rees, die dann lo insgesamt sou 24 Stonnen gedauert hued, endlech an mengem Zemmer fir die nechsten 2 Meind ukomm, dest fällt nawell zimlech kleng aus, mee ass jo o nemmen fir ze schlofen.

Mee fenken ma beim Flug un, hat do eng super Plaatz, neemlech direkt beim Notausgang, hat deemno masseg Platz fir meng Been ze strecken an konnt esou och e bessen schlofen. An gaaanz wichteg Iessen war och ok.

Um Flughafen ukomm, hued een sech dun mol an Schlang gestallt fir Openthaltsgenehmegung ze kreien an dunn konnt een op sein Gepäck warden, wat sech a mengem Fall och masseg Zeit geloos hued.

Nodeems den Hond fum chileneschen Naturschutzminister de Rucksack engkeier beschnüffelt hat, fir ze kuken op keng fresch Liewensmettel oder Pflanzen dran wieren, Importatioun ass strengstens verbueden, goung et na duerch eng kleng Kontroll an dunn stoung ech och schon op chileneschem Buedem. Lächelnd

Am Bus deen mech dunn bei meng Wunneng bruescht hued, hun ech dun Paulina kennegeleiert dat mech lescher an den Bauch gefroot hued, awa o e puer chilenesch Wieder geleiert hued, woufunner ech allerdengs schon rem die meescht vergiess hun.

Endlech an da Wunneng ukomm, kruut ech fum Romina, hat kennt aus Deitschland ass awa firun 4 Joer heihinner ausgewandert, alles gewiesen.

Mettes sin ech mech dun mol e bessen am Quartier emkuken gang. Las Condes ass anscheinend den Veirel fun den besser Verdingenden.

Nodeems ech dem Bankautomat endlech e puer Pesoen entlacken konnt, sin ech dunn mol dei neidegst Sachen an den Supermarche kaafen gang.

Opgefall ass, dass et am Veirel wirklech propper ass, mee awa och, dass all Haus oder Appartementsblock mat heigen Gitteren zougemach sin.

Owes hun ech dunn na bessen um spuennegen gefeilt an sin dun awa o matzeiten schlofen gang.

Iergendswou zweschen Argentinien an Chile

21.9 Descubrimiento de Santiago

Haut hun ech mech dun mol op den Wee richtung Zentrum gema, wat natirlech zimlech an Box gangen ass, sin neemlech an die falsch Richtung mam Bus gefuer. Nodeems ech dunn am Busdepot als leschten erousgeklommen sin, konnt ech 1 Stonn zreck laafen, zur Iwerraschung fun Ierch wahrscheinlech an och fun mir, sin ech suguer do ukomm, wou ech wollt, dato uni Kaart an Kompass, bessi Chance muss een jo och an enger Südamerikanescher Metropol hun. Cool

Deskeier hun ech den richtegen Bus an die richteg Rchtung geholl. Hat zwa nach keen valablen Busticket mee den Chauffer hued mech awa matgeholl.

Wie ech dun endlech bei der Metrosstatioun ukoum wou ech wollt, konnt ech ma dunn och een Ticket fir den öffentlechen Transport kaafen, dat war zwar eng schweier Gebucht, mee um Enn hat ech mol een.

Dunn sin ech mol op Sich no der Schoul gang, wou ech dann soll spuenesch leiren, mee dess hun ech nach net fonnt, sou dass ech e Meinden wuel eng Stonn eischter dohinner fueren weird. Schlussendlech sin ech och wirklech am Zentrum ukomm wou et och puer schein Platzen gin. Mee dat wisou ech amfong dohinner wollt, neemlech fir Bueddicher ze kaafen hued natirlech net geklappt well Geschäfter Samstes zum groussen Deel zou hunn, zumindest mol dessen, loung och vielleischt drun dass hei Onoffhengechkeetsdag war an hei 4 Deeg praktesch neischt gelaaf ass. Enn fun der Geschicht ass lo op allefall dei, dass ech mech bis e Meinden nach emmer mat mengen 2 Kischendischer muss ofdreschnen. :P Lo denkt da eirch bestemmt, wisou freet den Hennes Romina net fir en Duch, mee e bessen Aventure muss jo och sin. Zwinkernd

Dei lossen sech hei duerch neischt Steiren, mol net duerch Haptstross Vue aus dem Living Eng Stadt fun Welt Las Condes

22.9 Aprender

Hei krid da lo net villes ze liesen, sin neemlech an da Wunneng bliewen, fir na un mengem spuenschen ze schaffen, eier et dann Muer och fir eischt an Schoul geht.

An dat wichtegst, ech kruut den Code fir den WLAN, sou konnt ech dunn positif feststellen dass ma 0-0 gespielt hun an Bayern 4-0 gewonn hued. Lächelnd

Vue que dass ech Haut jo net souvill ze schreiwen hunn, kann ech Ierch nach soen, dass et am Moment net firsterlech warm hei ass, soll awa lo fun Dag zu Dag besser gin.

Buenas noches

19Sept
2013

From CDG to SCL

Moien leif Leit, dat hei ass dann also mein 1 Versuch sou een ''Blog'' ze schreiwen, verzeiht ma also grammatikalesch oder orthographesch Fehler.

Setzen lo schon 3 Stonnen hei zu Pareis um Aéroport Charles de Gaulle, obwuel ech mech eischter wei an enger chinesecher Metrosstatioun fillen, souvill wi deier hei rondrem laafen, an muss dann lo nach bis 23:20 warden bis mein Vol directioun Santiago fortgeht. Deemno kennt der Ierch villeischt firstellen wei ech mech hei langweilen, dofir och schon dessen eischten klengen Bericht, obwuel ech amfong nach neischt erliewt hunn. Wat ech Ierch awa kann soen, ass dass wann der engkeier sollt iwert Pareis iergendwou weider fleien, packt Ierch en Breitschen an (bei der Luxair gin et keng), well die Preiser wou se hei fir Iessen froen hunn et an sech. Positiv ze bemierken ass awa dass se PS3en hei hunn, wou een kan drop spillen, leider awa na keen GTA V. Bon am nechsten Bericht kann ech Ierch dann hoffentlech e bessen mei Interessant Sachen schreiwen an dann och schon dei eng oder anner flott Foto weisen. Bis dohinner loost Kierch am Duerf. Zwinkernd

19Sept
2013

Bald geht es los

Dies ist der erste Eintrag in meinem neuen Blog. In Zukunft werde ich hier über meine Erlebnisse im Ausland berichten.